FLH weist Interessi2034 kéint eng Handball-EM zu Lëtzebuerg gespillt ginn

Yannick Glod
E Freideg huet d'EHF an engem Communiqué d'Kandidate-Länner fir d'EM 2034 vun de Männer an de Frae matgedeelt. Lëtzebuerg huet sech fir béid Turnéier gemellt.
Der EHF no wier Lëtzebuerg eent vun 10 méigleche Länner fir d'EM vun den Hären am Januar 2034 an ee vu fënnef Interessente fir d'EM vun de Fraen am Dezember vum selwechte Joer z'organiséieren.
© AFP (Archiv)

D'Lëtzebuerger Handball-Federatioun setzt zum nächste grousse Worf un. No der Verflichtung vun den Nationaltraineren Didier Dinart (Hären) an Nina Kanto (Dammen) denkt d'FLH doriwwer no, e kontinentaalt Turnéier am Groussherzogtum ze organiséieren.

Wéi d'European Handball Federation (EHF) e Freideg op hirer Homepage matgedeelt huet, ass Lëtzebuerg eent vun 10 méigleche Länner fir d'EM vun den Hären am Januar 2034 an ee vu fënnef Interessente fir d'EM vun de Fraen am Dezember vum selwechte Joer.

Eng Ausriichtung zesumme mat Holland wär méiglech, dat och Interessi fir béid Kompetitiounen ugemellt huet. Donieft wëllen ënner anerem och Dänemark a Schweden d'EM organiséieren. Mat de Färöer Inselen ass Lëtzebuerg den eenzege Interesséierten, deen nach ni en Turnéier (mat)organiséiert huet, wat och säitens der EHF am Communiqué ervirgehuewe gëtt.

Et handelt sech bis elo awer just ëm den Interessi, déi bescht Ekippen aus Europa op Lëtzebuerg bréngen ze wëllen. D'interesséiert Federatioune musse bis den 1. Mäerz 2027 en offizielle Kandidaturdossier ausschaffen an areechen. Duerno préift a bewäert den europäeschen Daachverband d'Kandidaturen. Eng Bewerbung mat engem anere Land fir en Turnéier ass am Handball net ongewéinlech a wär och am Sënn vun de Lëtzebuerger.

D'FLH hat am Abrëll 2026 an enger Kommiteessëtzung entscheet, hiren Intressi fir eng Europameeschterschaft bei der EHF ze signaliséieren. Dës Aschreiwung géif nach keen Engagement duerstellen.

Den FLH-President Dr. Romain Schockmel hat am RTL-Interview am Dezember 2025 vum Zil geschwat, dass d'Rout Léiwen an den nächste Joren am Haapttableau vun enger internationaler Kompetitioun stoe sollten. Heimat mécht d'FLH e Schratt an dës Richtung. Well am Fall vun engem Zouschlag wär eis Nationalekipp gesat.

Back to Top
CIM LOGO