No deenen zwou Defaiten am Simple um Freideg den Owend ass déi Lëtzebuerger Tennis Davis-Cup-Ekipp e Samschdeg op Neits an der Coque géint Ungarn am Asaz.
Am Dubbel hu sech den Alex Knaff an de Raphael Calzi, dee fir de verletzten Chris Rodesch gespillt huet, an zwee Säz 1:6 a 6:7 géint d’Ungaren misse geschloe ginn. No 3 Néierlagen um Stéck ka Lëtzebuerg beim Stand vun 0:3 am Total den Duell géint Ungarn net méi gewannen. Domadder steigt Ungarn an d’Qualifiers op a Lëtzebuerg bleift am Weltgrupp I.
Fir den Alex Knaff war et de leschten Optrëtt fir déi Lëtzebuerger Tennis Davis-Cup-Ekipp.
Donieft huet de Lëtzebuerger Matiej, och genannt Metti, Reiter am leschten Simple an zwee Säz 1:6 an 2:6 géint den Peter Makk verluer. Sou geet den Duell Lëtzebuerg géint Ungarn mat 4 Néierlagen fir d'FLT-Formatioun op en Enn.
