Soirée des lauréats am HandballMVP-Präis fir Itua Etute a Zorana Jurcevic

Yannick Glod
E Freideg den Owend hat d'Handballfederatioun déi bescht Spiller an Ekippe vun der leschter Saison geéiert. Och déi bescht Buteure kruten e Präis iwwerreecht.
© Yannick Glod

E Freideg den Owend d'Lëtzebuerger Handballfederatioun op Uewerkuer invitéiert, fir déi bescht Spiller, Spillerinnen, Traineren a vill aner Leit ze éieren an d'Saison 2025/26 Revue passéieren ze loossen.

An der Kategorie vun de beschte Buteure war et bei den Dammen immens spannend, wou déi éischt dräi Spillerinne just véier Goler getrennt hunn. Saisoniwwergräifend huet d'Déifferdengerin Rijalda Cilovic mat 127 Goler am heefegste getraff, hir Coequipière Sarah Kupke hat just ee Gol manner (126). Déi drëtt Plaz goung un d'Anaïs Huberty vum HB Museldall mat 123 Goler. Bei den Häre war et eng kloer Affär fir de Bierchemer Raphael Guden. Den Nationalspiller huet a 24 Matcher 197 Mol markéiert. Hien hat eng kloer Avance op den Itua Etute (170, Diddeleng) an den Daniel Tako (159, Déifferdeng).

Och wann et an der Saison fir d'Diddelenger Häre sportlech net fir en Titel duergoung, hunn d'Spiller an d'Ekipp vun de Fiiss bei der Soirée des lauréats ofgeraumt. De Mika Herrmann gouf vun de Spectateuren nees zum beschte Golkipp gewielt, de Loris Labonté zum beschte Verteideger an d'Ekipp krut de Fairplay-Präis. Ausserdeem goung den MVP-Titel mam Itua Etute an d'Forge du Sud.

Och bei den Dammen duerft sech den HBD iwwer d'Präisser fir déi bescht Verteidegerin (Laura Willems), déi fairst Ekipp an de beschten Trainer (Mikel Molitor) freeën. Bei der Wiel vum beschten Trainer louch um Enn just eng Stëmm tëscht dem Éischten, dem zweetplacéierten Dan Mauruschatt an dem Michel Scheuren.

Bei den Hären hat eng Jury aus Vertrieder vun der Press, de Kapitänen a Vertrieder vun der FLH e klore Favorit fir den Trainer vun der Saison. Um Enn huet de Rajko Milosevic säin Titel vun zejoert verdeedegt kritt. Hien hat mam HB Esch d'Coupe gewonnen an huet op der Soirée annoncéiert, dass hien déi nächst Saison de Championstitel uviséiert.

Da goufen nach d'All-Star-Ekippe bei den Hären an den Damme presentéiert, déi vun iwwer 300 Spectateure gewielt goufen. Bescht Golkippesch gouf d'Käerjengerin Zorana Jurcevic, déi et, wéi si RTL verroden huet, op Feldkirch an Éisträich zitt. Als Benevole vum Joer huet d'Handballfederatioun d'Presidentin vum HC Standard, d'Diane Weimischkirch, fir hiren Engagement an de leschten 30 Joer fir de Club an den Handball insgesamt ausgezeechent. Si hat mat iwwer 60 Joer och nach eng Kéier d'Handballschong ugedoen.

Enn Juni steet nach d'Championnat am Beachhandball zu Zéisseng um Programm. D'Saison 2026/27 gëtt wéi gewinnt mam Supercup Enn August tëscht de Coupegewënner an de Champione lancéiert.

Zwee Lëtzebuerger an zweeter däitscher Liga

Et war scho méi laang bekannt, dass de Loïc Kaysen d'nächst Saison mam TV Großwallstadt an der zweeter Bundesliga spille géif. An de leschten Deeg huet den ASV Hamm-Westfalen wësse gedoen, dass de Vincent Kreiselmaier sech déi nächst Saison dem Veräin aus dem Ruhrpott uschléisse géing. De Kreiselmaier hat dës Saison beim OHV Aurich gespillt.

Dës Woch huet d'Ekipp vum Trainer Jamal Naji den Opstig an déi zweethéchst Spillklass perfekt gemaach, nodeems si d'lescht Joer erausgefall waren. Domat wäerten an der Saison 2026/27 zwee Lëtzebuerger an der zweeter däitscher Liga spillen. Béid Spiller hunn hir éischt Schrëtt am Handball beim HC Bierchem gemaach.

Mat der HG Saarlouis kéint eng Ekipp aus der direkter Noperschaft vum Groussherzogtum an d'zweet Liga steigen. Ob et klappt, steet no dësem Weekend fest.

Back to Top
CIM LOGO