FLF nennt Detailer an Affär ëm fréieren Dammen-NationaltrainerKonkret Beweiser dofir, datt Dan Santos onpassend Messagë geschéckt huet

Rich Simon
Der Federatioun hiert Uleies wier elo, fir d‘Spillerinnen ze schützen.
De fréieren Dammen-Nationaltrainer Dan Santos
© RTL Archiv

En Donneschdeg huet d’Futtballfederatioun offiziell matgedeelt, datt de Kontrakt mam Dammen-Nationaltrainer Dan Santos “avec effet immédiat” géif opgeléist ginn. E Freideg huet de Jurist vun der FLF Marc Diederich iwwer Telefon matgedeelt, datt d’Federatioun elo konkret Beweiser dofir hätt, datt d’Rumeuren ëm onpassend Messagë géife stëmmen.

Den Dan Santos hätt esou Messagen un eng Partie Spillerinne geschéckt. Nom zweete Match géint Schottland soll et zu Spannungen tëscht de Spillerinnen an dem Trainer komm sinn. Doropshin hunn d’Spillerinne Kontakt mam Carine Nardecchia aus dem Conseil vun der FLF opgeholl. Net méi spéit wéi e Mëttwoch de Moien huet sech de Verwaltungsrot vun der FLF zesummegesat an decidéiert, datt de Kontrakt mam Dan Santos géif opgeléist ginn.

Der Federatioun hiert Uleies wier elo, fir d‘Spillerinnen ze schützen a sech an noer Zukunft mat hinnen zesummenzesetzen, fir ze kucken, wéi et op sportlechem Plang weidergeet.

Fir d‘Federatioun wier den Dossier Dan Santos elo zou, huet de Marc Diederich nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO