Nei Formel-1-SaisonNei Reegelen, nei Chancen oder awer alles beim Alen?

Tom Hoffmann
Wat d'Piloten ugeet, goufen et ganz wéineg Changementer mee grouss Ännerunge goufen et jo bekanntlech bei de Reegelen.
© Scuderia Ferrari HP

Wien huet wierklech d’Nues vir a wat kënnen d’Tester eis scho verroden? Dat analyséiert de Dominique Rieftsahl dëse Sonnden am Sportjournal.

Et war déi kierzte Summerpaus zanter Laangem. Tëschent dem leschte Grand Prix zu Abu Dhabi an dem Shakedown zu Barcelona louche just 50 Deeg, ier déi nei Racing Ära agelaut gouf. Dowéinst kruten d’Piloten am Ganzen 11 Deeg, fir hiert neit Aarbechtsgeschier op Häerz an Nieren ze préiwen.

Ferrari huet en Auto op d’Been gestallt, deen ze funktionéiere schéngt. Beim Shakedown zu Barcelona a bei den Tester am Bahrain hu sech d’Pilote vun der Scuderia Beschtzäit gekroopt. Dës Zäite sinn allerdéngs mat Virsich ze genéissen a weisen, mat grousser Warscheinlechkeet, net déi ganz Wourecht. Wat awer stëmmt ass, dass de Lewis Hamilton mam SF-26 besser eens gëtt: “Dëst ass en Auto, deen ech vun Ufank un an deene leschten zéng Méint am Simulator mat entwéckelt hunn. E Stéck vun menger DNA ass also integréiert ginn. Ech fille mech ob alle Fall mam Auto connectéiert.”

Perfekt connectéiert ass och de Moto vu Mercedes. Am Paddock am Bahrain gouf spekuléiert, dass d’Ecurie mam Stär nach net hiert ganzt Potential gewisen hätt an zu den Top-Favoritte gehéieren soll. Mat 1.204 Ronnen, déi meescht, déi eng Ecurie bei den Tester gefuer ass, war den Auto, bis op kleng Problemer, extrem zouverlässeg, Beim George Russell héiert een tëscht den Zeilenr eraus, dass si mat vill Confiance an d’Saison ginn. Just ee Sujet suergt nach e bësse fir Kappzerbrieches: “Mir hunn op alle Fall e stabilt Fundament, ob deem mir opbaue kënnen, mee fir Coursen ze gewannen, brauchs du och e gudde Start. An déi Departen, déi ech bei den Tester gemaach hunn, waren déi schlechtsten zanter deem ech an der Formel 1 sinn.”

Net nëmme Mercedes schéngt bei den Startübunge Problemer gehat ze hunn. Och den Constructeursweltmeeschter Mclaren hat Schwieregkeeten, déi optimal Leeschtung ofzeruffen, seet den Oscar Piastri: “Et ass wierklech komplizéiert a komplex. Wat mir den Ament gesinn ass, dass e puer Leit de Start gutt hikréien an anerer guer net. Ech kann mir virstellen, dass Departen an deenen éischten Coursen esou ausgesi wéi hei.”

Spannend ginn net nëmmen d’Departe vun den Coursen mee och d’Aventure vun Audi. D’Zil vun der däitscher Ecurie? Vun 2030 u wëlle si en Titelkandidat sinn. Bis dohin ass et awer nach e wäite Wee, och wann Audi e grousst Potential huet.

Nieft Audi geet och Red Bull dëst Joer mat hirem eegene Moto un den Depart. Wéinst der staarker Energieeffizienz, déi den Auto vu Max Verstappen an Isack Hajar gewisen huet, soll dem Toto Wolff no net Mercedes, mee Red Bull an der beschter Positioun sinn. Den Teamchef Laurent Mekies wollt dovun awer näischt wëssen: “Ob deen Zuch wëlle mir net opsprangen. Mir konzentréieren eis just op eis. Mir hunn nach vill Aarbecht a mir gehéieren, leider, net zu de Favoritten. D’Leeschtung vun den Top-Ecurien ass net vun dëser Welt. Et gëtt eng richteg Entwécklungscourse op der Chassis- an Motorsäit, mee genau dofir hu mir dëse Sport esou gär.”

Deen nächsten Weekend ginn d’Autoen eng éischte Kéier vun der Lenkt gelooss an da gesinn mir, wien dann elo schlussendlech dee Séiersten ass.

Back to Top
CIM LOGO