Motore mat Boost- an Overtake-Modus, Batterië mat Derating a Superclipping, eng aktiv Aerodynamik mat Straight- a Corner-Modus... Net nëmmen Ingenieuren a Pilote musse sech komplett ëmstellen, och d’F1-Fans musse sech un en neie Vocabulaire gewinnen.
Mee wéi funktionéieren déi nei Reegelen elo? Wéini däerf ee seng Spoileren erofklappen? Wéi kann ee seng Batterie oplueden? Wéi vill Kilojoule huet ee fir ee Géigner z’attackéieren? A wat ass iwwerhaapt Superclipping?
E Freideg huet den RTL-F1-Expert Är Froen zu den neie Reegelen am Livestream beäntwert.
Liest dozou och hei: