Formel 1: GP vu SpuenienLando Norris séchert sech éischt Pole Position zu Madrid

Lynn Kayser
De Grousse Präis vu Spuenien ass vu Barcelona op Madrid geplënnert. De Weekend feiert d'Formel 1 hei hir Première.
De Lando Norris ass um neie Circuit zu Madrid déi bescht Zäit am Qualifying gefuer.
De Lando Norris ass um neie Circuit zu Madrid déi bescht Zäit am Qualifying gefuer.
© XAVI BONILLA/DPPI via AFP

No dräi Fräien Trainingen ass et e Samschdeg um fonkelneie Formel-1-Circuit zu Madrid a Spuenien eng éischte Kéier richteg eescht ginn. Am Qualifying hunn d'Pilote missen hir Limitte siche goen, fir sech eng gutt Ausgangspositioun fir e Sonndeg de Grousse Präis vu Spuenien ze sécheren. Am beschte gelongen ass dat dem McLaren-Pilot Lando Norris. De Britt huet sech ganz knapp virum WM-Leader Kimi Antonelli op Mercedes an dem véierfache Weltmeeschter Max Verstappen (Red Bull) behaapt. Et war een enke Qualifying. Déi éischt fënnef Piloten hunn nëmmen zwou Zéngtel getrennt.

Fir de Weltmeeschter Norris ass et déi drëtt Pole Position an dëser Saison. Et dierf ee gespaant sinn, wéi hien e Sonndeg beim éischte Grousse Präis vu Spuenien zu Madrid vun dëser gudder Ausgangspositioun profitéiere kann. Iwwerhuelen ass nämlech op der Streck net einfach. Den Depart vun der Course ass um 15:00 Auer. Op RTL ZWEE an RTL Play kënnt Dir wéi gewinnt live mat dobäi sinn.

De Sprong an déi lescht Qualifying-Ronn haten déi zwee Audi-Piloten Nico Hülkenberg a Gabriel Bortoleto, den Esteban Ocon (Haas), de Pierre Gasly (Alpine), de Yuki Tsunoda (Racing Bulls) an den Alexander Albon (Williams) verpasst.

Am Q1 ware mam Lance Stroll (Aston Martin) an dem Oliver Bearman (Haas) zwee Pilote guer net aus der Garage erausgefuer. Wéinst enger Strof muss de Stroll e Sonndeg souwisou vun der leschter Plaz an d'Course goen. Beim Bearman war no enger Kollisioun am 3. Fräien Training den Auto net pénktlech fäerdeg ginn. Eliminéiert goufen nach déi zwee Cadillac-Pilote Valtteri Bottas a Sergio Perez, de Fernando Alonso (Aston Martin) an de Carlos Sainz (Williams). De Sainz gouf ëm fënnef Dausendstel vum eegenen Teamkolleeg Alexander Albon erausgehäit.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 TAG HEUER GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2026

Back to Top
CIM LOGO