Formel 1De Pierre Gasly séchert sech d'Pole zu Monza

RTL Lëtzebuerg
De Fransous geet e Sonndeg virum George Russell an dem Oscar Piastri un den Depart.
De Pierre Gasly séchert sech d'Pole zu Monza.
De Pierre Gasly séchert sech d'Pole zu Monza.
© MARCO BERTORELLO / AFP

Am Qualifying zu Monza konnt de Pierre Gasly sech e Samschdeg de Mëtteg mat enger Zäit vun 1:21.786 d'Pole fir d'Course e Sonndeg sécheren. Et ass souwuel fir de Gasly wéi och fir seng Ecurie Alpine déi éischt Pole an der Formel 1. 2020 hat de Gasly seng éischt a bis ewell eenzeg Course an der Formel 1 schonn zu Monza gewonnen.

Nieft dem Fransous geet e Sonndeg den George Russell un den Depart. De Piastri am McLaren war zwar drëttséiersten, gouf awer 3 Plazen no hanne geréckelt, well en de Lawson opgehalen hat. De Leclerc réckelt domadder op Plaz 3, virum Hamilton. Déi 5. Plaz ass fir de Verstappen (Red Bull).

Wéi erwaart war nom Q1 Schluss fir déi zwee Aston-Martin-Piloten Stroll an Alonso, genausou wéi fir de Cadillac-Duo Perez a Bottas. Donieft huet den Albon am Williams mussen den Auto ofstellen an och den Tsunoda op Racing Bulls hat scho Feierowend, wärend säi Coequipier Lindblad et op Plaz 5 gepackt hat. De Japaner ersetzt jo dëse Weekend nees de Lawson, dee fir de verletzten Hadjar am Red Bull aspréngt.

Am Q2 goufen dunn déi zwee Haas-Pilote Bearman an Ocon eliminéiert. Och de Lawson am Red Bull, de Sainz am Williams an d'Audi-Coequipieren Hülkenberg a Bortoleto huet et getraff. De Brasilianer war just een Dausendstel méi lues wéi de Lewis Hamilton am Ferrari. Och de Leclerc hat et just op Plaz 9 gepackt.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg vu 14:30 Auer u live op RTL ZWEE an um RTL Play kucken. Den Depart ass um 15:00 Auer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2026

Back to Top
CIM LOGO