
An der moderner Formel 1 dréint sech alles ronderëm Donnéeën. Ingenieure moossen alles, wat se kënnen a wat se däerfen, sammelen all méiglech Donnéeë fir déi beschte Conclusiounen dorausser ze zéien. An elo komme se op ee Circuit, deen Neiland ass, wou se wuertwiertlech keng Erfarungswäerter hunn. De Computer konnt nëmme mat Basisinformatioune gefiddert ginn, de Pilot ka sech am Simulator nëmmen un een approximative Setup eruntaaschten.
Nëmmen eng Ecurie war schonn um reelle Madring ënnerwee. Ferrari huet virun e puer Woche mam aktuellen Auto um Circuit gefilmt. Dat ass erlaabt, esou Filmdeeg sinn ausdrécklech am Reglement virgesinn. Mee fir eise Formel-1-Expert Dominique Riefstahl ass dat awer een onfaire Virdeel:
“Well Du kriss eng éischt Asiicht op d’Héicht iwwer Buedem, déi s Du muss fueren, op d’Balance vum Auto, wéi d’Temperatur an de Pneuen evoluéiert am Laf vun enger Ronn. Du kriss éischt Donnéeën iwwert d’Suspensioun, wou d’Knubbele sinn, wéi de Circuit tatsächlech gebaut ass, etc. Dat ass kee klenge Schrëtt Virsprong. Dat ass ee grousse Schrëtt Virsprong. Dee kënnen déi aner kloer an zwou oder dräi Trainingsseancen ophuelen, an awer fänks Du am Verglach mat Ferrari schonn ee Schrëtt hannendrun un.”
Um Mediendag en Donneschdeg hunn déi meescht Pilote missten zouginn, dass si no den Tester am Simulator grousse Respekt virum Madring hunn. Vill Kéiere wiere kniwweleg, et géif kee Sputt fir Feeler ginn. D'Pilote fäerte vill Sortien, vill Ënnerbriechungen.
Kuckt HEI eng virtuell Ronn um Madring!
Den éischten Deel vum Madring ass ee klassesche Stad-Circuit op de Stroosse ronderëm d'Foireshale vu Madrid. Den zweeten Deel gouf nei gebaut, ass e bësse méi fléissend. Fir den Expert ass et ënnert dem Stréch ee Circuit, wou lues a mëttel-séier Kéieren dominéieren:
“Ech gesinn deementspriechend och McLaren erëm vill méi staark, änlech wéi si dat zu Zandvoort an an Ungarn waren. Ech gesinn net, dass Mercedes ee groussen Avantage kann ausspillen. Ferrari misst och kënnen op säin Avantage am mëttel-séiere Beräich setzen. Déi eenzeg Onbekannt ass eigentlech Red Bull, déi am mëttel-séiere Beräich zwar gutt sinn, mee an der Traktiounsphas net ëmmer bei der Musek dobäi sinn, an deementspriechend déi grouss Onbekannte bleiwen.”
Den Highlight vum Madring ass ouni Zweifel "La Monumental". D'Kéier 12 ass eng Steilkéier, mat enger Pente vu 24 Prozent. Mat 550 Meter ass et och déi längste Kéier am ganze Formel-1-Kalenner. An op béide Säiten, banne wéi baussen, sti grouss Tribünen. Dat gesäit spektakulär aus, an d'Organisateure sinn iwwerzeegt, dass "La Monumental" relativ séier an engem Otemzuch mat legendäre Kéiere wéi der Eau Rouge oder Maggots-Becketts-Chapel genannt wäert ginn.
Ee Pilot wäert dee Spektakel verpassen. De Red-Bull-Mann Isack Hadjar ass nach ëmmer krank geschriwwen. Den Dominique Riefstahl fäert awer net, dass de Fransous mat der laanger Paus seng Karriär op d’Spill setzt:
“Red Bull huet am Moment Ersatz, deen akzeptabel Aarbecht leescht. Ech gesinn dat awer net als Drockmëttel op den Isack Hajar, fir ze soen ‘Pass op, Du kéints deng Plaz un de Lawson verléieren'. Et ass fir mech wierklech méi een Zeeche vu Vertraue fir ze soen ‘Looss der roueg eng Course méi Zäit, kuck dass du richteg heels, fir dass du dann zu 100 Prozent do bass.’”
En neie Circuit ass ëmmer eng grouss Erausfuerderung fir d'Simulatioun. D'Ecurië kréien zwar normalerweis e puer Méint am Viraus d’Pläng vun der Streck, mee déi weisen nach laang net alles. Tëscht der lénkser a rietser Streckebegrenzung léisst een de Computer selwer déi optimal Linn sichen an esouguer d'Pilote ginn zou, datt en dat erstaunlech gutt hikritt.
Wat awer feelt, sinn déi kleng Detailer, déi um Enn e groussen Ënnerscheed maachen: Knubbelen, Iwwergäng tëscht zwou Makadamsflächen oder Plazen, wou gebremst an acceleréiert gëtt an d'Streck sech mat der Zäit verännert. Besonnesch kritesch gëtt et, wann esou Onreegelméissegkeete genee um Bremspunkt, an der Mëtt oder beim Gasginn um Ausgang vun enger Kéier leien. Do kënne si d'Balance vum Auto däitlech beaflossen oder dofir suergen, datt d'Piloten eng ganz aner Linn fuere wéi geometresch vläicht erwaart. Um Madring kéint also ausgerechent eng kleng Knubbel entscheeden, ob d'Ideallinn och wierklech la línea ideal ass.
Op bekannte Circuiten hunn d'Ecurië fir dës Informatiounen zwou wichteg Quellen: d'Sensore vun der Suspensioun an detailléiert Laser-Scans vun der Streck. Esou Scans ginn haaptsächlech vun den Entwéckler vu Rennspiller gemaach, fir Maueren, Gebaier an eben och d'Uewerfläch vun der Streck esou realistesch wéi méiglech duerzestellen. Dat dauert awer séier eng Woch a kascht bis an de sechsstellege Beräich. Bei engem neie Circuit mécht et dofir wéineg Sënn, fréi ze scannen, well d'Streck an hir Ëmgéigend nach amgaang sinn ze evoluéieren. Och beim Madring kann een dovun ausgoen, datt esou e Scan nach net besteet.
Bei neie Circuiten hunn déi grouss Ecurien e Virdeel. Am éischte fräien Training hu si méi Leit, déi nei Donnéeën erfaassen, verschaffen an direkt an déi virtuell Modeller integréiere kënnen. Duerno ginn déi ursprénglech Hypotheesen an Entwécklungsrichtungen nach eng Kéier op d'Wo geluecht an nei optimiséiert. Et ass eng richteg Course géint d'Zäit: Wien et am séierste fäerdegbréngt, d'Wierklechkeet am Simulator korrekt duerzestellen, huet e Virsprong. An ouni Couvre-feu an de Fabricke lafen déi freides owes op Héichtouren.
Dobäi gëtt praktesch alles nei evaluéiert: vum korrekte Pit-Stop-Zäitverloscht iwwer d'Energie-Optimiséierung an de Setup bis bei d'Komponente vu Fiederen an Amortisseuren. Alles mam selwechten Zil: den tatsächlechen Optimum esou séier wéi méiglech ze fannen.
