
2026 ass alles nei: nei Reegele fir de Chassis, nei Reegele fir Aerodynamik, nei Reegele fir den Undriff. Dofir huet d’Formel 1 dës Saison am Ganzen dräi Testwochen ugesat – déi éischten dovunner ass besonnesch fréi ugesat. Schonn d’nächst Woch kënnen d’Ecurien hir nei Constructiounen zu Barcelona wärend fënnef Deeg intensiv testen.
Elo huet Williams op de soziale Reseaue matgedeelt, dass si fir Barcelona net prett sinn.

D’Entwécklung vum neien FW48 hätt ze vill Retard, an d’Traditiounsecurie wéilt sech elo léiwer dorobber konzentréieren, den Auto nach ze verbesseren. Ëmmerhi probéiert een den neien Auto virtuell ze testen. Williams géif sech awer op d’Tester am Bahrain (11. bis 13. respektiv 18. bis 20. Februar) freeën, heescht et ofschléissend.
Dës Annonce ass e grousse Réckschlag fir Williams a seng zwee Piloten Alexander Albon a Carlos Sainz. Hinne wäerten extrem wichteg Testkilometer mam komplett neien Auto feelen. D’lescht Joer war Williams mat Tabelleplaz 5 bei de Constructeuren a mat den Tabelleplazen 8 an 9 bei de Piloten nach eng vun de grousse positiven Iwwerraschungen.
Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, dass Wiliams net fir den Testoptakt prett ass. Schonn 2019, wou d’Écurie ganz schlecht dru war, huet een déi éischt Wantertester verpasst.
Den éischte Wantertest ze verpassen, ass natierlech ëmmer eng schwéier Entscheedung. En Auto, deen am Garage steet an net fiert, liwwert keng Donnéeën. An deem Sënn ass e VTT op d’mannst besser wéi guer näischt, well een esou schonn Informatioune sammele kann, och ouni um Circuit ze sinn. Firwat et dozou komm ass, bleift onkloer: Sinn nach net all Chassis-Stecker prett, oder ass de ganze System vum Auto nach net funktiounsfäeg? Dat weess aktuell keen.
Datt Williams net um éischte Wantertest dobäi ass, weist virun allem dorops hin, dass et nach ëmmer eng relativ kleng Ecurie ass. Och wann d’Team 2025 deels iwwer seng Mëttel eraus performant hat, gesäit een hei ganz kloer, datt et un Déift an u Ressourcë feelt. Fir déi grouss dräi bis véier Ekippe wier et onvirstellbar, och nëmmen een Testdag um Circuit ze verléieren – geschweige dann eng ganz Testwoch. A si hunn d’Ressourcë fir zur Nout och am 24/7 3-Schichte-Betrib schonns zënter dem Ufank vun der Wanterpaus alles an d’Weeër ze leeden, fir deen Datum vum 1. Test op kee Fall ze verpassen.
Spannend ass d’Erklärung vu Williams, datt si statt op spuenesch Sonn op e sougenannte VTT (Virtual Test Track) auswäichen. Dobäi handelt et sech ëm eng héichkomplex Testanlag, op där e komplette Formel1-Auto, mat Boîte, Hydraulik, Kill- a Benzinsystemer, an heiansdo souguer de Bremsen, virtuell iwwer verschidde Circuiten “gefuer” gëtt. De grousse Virdeel: Feeler gi méi séier erkannt, et kënne vill méi Kill- a Power-Setups getest ginn, a well alles an der Fabrik geschitt, stinn am Fall vu Problemer direkt all néideg Leit a Material zur Verfügung.
Trotzdeem dierf ee sech näischt virmaachen. Ferrari, Red Bull a Co hunn och schonns enorm vill Kilometer op hire VTT-Systemer hannert sech. Mee soubal d’Luucht an der Boxegaass zu Barcelona op gréng spréngt, zielt just eng Saach: um Circuit present sinn. Kee Simulator op der Welt kann d’Vibratiounen, d’Laaschten, d’Temperaturen oder de Dreck op der Streck realistesch duerstellen. An ouni reell Donnéeën aus Catalunya léiert een d’Balance vun engem Auto net richteg verstoen. Um Enn bleift et dobäi: Näischt ersetzt de Makadamm ënnert de Rieder.