
Et war eng spektakulär Nouvelle am September 2024, wéi bekannt gouf, datt den Adrian Newey Red Bull géif verloossen an ee Kontrakt bei Aston Martin ënnerschriwwen hätt. A wéi enger Roll hie genau bei der brittescher Ecurie schaffe géif, war awer do nach net direkt kloer. Bei RedBull war den Newey virun allem fir den Auto an d’Aerodynamik zoustänneg, bei Aston ass hien elo direkt Teamchef ginn. Trotzdeem huet hien als technesche Partner ee weidere Rôle an der Ecurie, ugepasst u seng Kär-Kompetenzen als Designer.
Den Auto, vun elo u bekannt ënnert dem Numm AMR26, ass vun der Lackéierung hier änlech bliwwe wéi nach zejoert an et setzt ee weider op British Racing Green. Ee groussen Ënnerscheed ass awer, datt d’Faarf um Auto elo net méi blénkeg ass, mee matt. An och den Design vun den Aerodynamik-Stécker um Auto versprécht, datt sech den Adrian Newey immens vill Gedanken iwwer den neie Bolid maache konnt. Benotzt hunn hien an déi ganz technesch Ekipp dobäi warscheinlech och deen neie Wandkanal vun der Ecurie.
Fir den Adrian Newey ass déi nei Saison ee Start an eng nei Era: “2026 ass ee rare Moment fir d’Formel 1. Et ass déi éischte Kéier, datt de Chassis an de Motor zesummen anere Reegele kréien. Déi beschte Philosophie ass do natierlech, net direkt kloer an du muss den Auto no an no verstoen. Beim AMR26 kënnt et net op ee staark Stéck un, mee alles muss zesumme schaffen. Ech hoffen, datt et een Auto ass, deen dem Lance a Fernando d’Chance gëtt, ëmmer déi voll Performance ofzeruffen.”
Wat de Motor ubelaangt, ass Aston Martin vun der nächster Saison un net méi mat Mercedes-Motoren, mee mat Motore vun Honda ënnerwee, déi genau wéi den Newey och vu Red Bull eriwwer gewiesselt sinn. Den AMR26 mat Honda-Undriff sollen och dës Saison de Lance Stroll a Fernando Alonso iwwer d’Piste guidéieren. Béid Pilote wëllen dëst Joer sécherlech ee weidere Schratt no vir maachen, genau wéi déi ganz Ecurie. Ob dat klappe wäert bleift awer ofzewaarden.
De Lance Stroll ass op alle Fall scho relativ zouversiichtlech: “Den AMR26 ass den éischten Auto, deen aus eisem neien a komplette Campus kënnt an och den éischten zesumme mat Honda. Et ass also ee grousse Moment fir d’Ecurie. De Shakedown ass gutt gelaf, dat ass wichteg mat engem neien Auto an et huet eis alles en éischte soliden Androck vermëttelt.”
De Fernando Alonso weist dogéint och op déi schwiereg lescht Joren hin: “Déi lescht Saisone waren net ëmmer einfach, mee doraus hu mir geléiert an esou Momenter ze erliewen, mécht dech méi staark. Mir sinn hongreg, fir kompetitiv ze sinn an ech hu gesi wéi vill Efforte gemaach goufen, fir ee kompetitiven Auto op d’Pisten ze schécken.”
Aus Lëtzebuerger Sicht ass de Mike Krack als Chef vun den Aktivitéiten um Circuit nach ëmmer mat dobäi an et dierf ee gespaant sinn, wou Aston Martin no den éischte Coursse stoe wäert.