
Bei der Première vum Circuit zu Madrid gouf et eng Victoire vum Kimi Antonelli virum Max Verstappen an dem Lando Norris. Den Antonelli huet dobäi vun engem virtuelle Safety Car profitéiert, wou hien éischter wéi den Norris an d'Boxegaass fuere konnt. Mat dëse 25 Punkte baut de Mercedes-Pilot säi Virsprong am WM-Klassement weider aus. Et ass insgesamt seng aacht Victoire.
Säi Coequipier a gréisste Kontrahent George Russell koum als Fënneften hannert dem Charles Leclerc un. De Lewis Hamilton musst säin Auto schonn no sechs Ronnen ofstellen. D'Topp 10 goufe mam Liam Lawson, Franco Colapinto, Oscar Piastri, Arvid Lindblad an Nico Hülkenberg komplettéiert.
Beim Start war et e bëssen enk ginn, mee all d'Pilote sinn ouni Accident duerch déi éischt Kéiere komm. De Piastri hat doduerch e puer Positioune verluer, de Colapinto dogéint Plaze gewonnen. Den Norris konnt seng éischt Plaz behaapten an huet sech duerno séier eng Avance op den Antonelli erausgefuer.
An der sechster Ronn musst de Lewis Hamilton säi Ferrari wéinst Bremsproblemer ofstellen.
Dem Antonelli seng Pneuen hu séier ofgebaut a waren an der 12. Ronn schonn net méi gutt. De virtuelle Safety Car, nodeems de Stroll säin Auto um Circuit ofgestallt hat, koum fir hien zur richteger Zäit, fir seng Pneuen ze wiesselen. Den Norris huet kuerz drop reagéiert, mee säi Boxestopp war net gutt. Dowéinst war hien op Plaz 5 zeréckgefall. De Charles Leclerc huet sech géint nei Pneuen zu deem Moment entscheet, wat hie bis an d'Ronn 48 op Plaz 1 katapultéiert huet.
Nom Leclerc sengem eenzege Boxestopp huet de Kimi Antonelli d'Féierung iwwerholl. Den Italieener konnt sech bis zum Schluss virum Max Verstappen behaapten an domat seng Avance am WM-Klassement weider ausgebaut. De Verstappen an den Norris hu sech bis zum Schluss en haarde Kampf geliwwert.