Dëschtennis-ChampionnatHueschtert-Foulscht wënnt Meeschtertitel am Golden Match

RTL Lëtzebuerg
D'Decisioun ëm de Championstitel ass, ewéi schonns 2024 an der Finall tëscht Hueschtert-Folscht a Berbuerg, eréischt am Golden Match gefall.
Hueschtert-Foulscht wënnt Meeschtertitel am Golden Match
D'Decisioun ëm de Championstitel ass, ewéi schonns 2024, an der Finall tëscht Hueschtert-Folscht a Berbuerg eréischt am Golden Match gefall.

Méi spannend hätt d'Finall ëm de Meeschtertitel net kënne sinn. Nodeems den Houwald virun enger Woch kloer 6:2 gewonnen hat, huet Hueschtert-Foulscht mussen nozéien. An d'Ekipp aus dem Lëtzebuerger Westen huet geliwwert.

Den Titelverdeedeger ass gutt an de Match komm a konnt deels ganz wichteg Matcher wannen, déi déi viregt Woch nach verluer goufen. Esou huet ënnert anerem de fréieren Houwald-Spiller Irfan Cekic géint den Aaron Sahr an de Marc Dielissen gewonnen an och de Kevin Kubica huet sech an engem enke Match géint de Marc Dielissen duerchgesat. Op Säite vum Houwald konnt eenzeg de Leo Vekic seng béid Matcher wannen, iwwerdeems den Aaron Sahr ee vu sengen zwee Simplë wanne konnt. Deemno stoung et no den 8 Eenzel-Matcher 5:3 fir d’Lokalekipp. Een Dubbel ass den Haushären dunn och duergaangen, fir déi zweet Finall mat 6:3 ze wannen, soudass e Golden Match d'Entscheedung huet musse bréngen. Dëst ass e Modus, dee vum europäesche Verband eréischt am Joer 2021 agefouert gouf. Hei stelle béid Ekippen hir Spiller nei op (Positiounen 1 bis 4). An der Suite spillt all Spiller een eenzege Saz, 1 géint 1, 2 géint 2 an esou weider. Sollt et 2:2 stoen, géif een eenzegen decisive Saz Dubbel gespillt ginn, wéi dat beispillsweis 2024 de Fall war.

Am Golden Match e Sonndeg ass et awer net esou wäit komm, well no véier Sätz war d'Decisioun schonns gefall. Hueschtert-Foulscht huet de Golden Match mat 3:1 gewonnen a soumat de Championstitel verdeedegt. Den Irfan Cekic, de Jan Zibrat an de Gleb Shamruk hate jeeweils hire Saz am Golden Match gewonnen.

Schreiwes FLTT

Resultater an Tabell vum Playoff

Back to Top
CIM LOGO