Victoire géint San Antonio SpursNew York Knicks no 53 Joer nees um NBA-Troun

RTL Lëtzebuerg
D'New York Knicks hunn direkt den éischte Matchball genotzt.
New York Knicks feieren NBA-Titel
New York Knicks feieren NBA-Titel
© RONALD CORTES/Getty Images via AFP

D'New York Knicks hu sech e Sonndeg de Moie fréi Lëtzebuerger Zäit fir d'éischte Kéier zanter 1973 nees zum NBA-Champion gekréint. Duerch eng 94:90-Victoire géint d'San Antonio Spurs am Match fënnef vun de Finals huet d'Ekipp aus dem Big Apple d'Best-of-seven-Serie mat 4:1 fir sech entscheet. Virun allem den Jalen Brunson huet New York den drëtten Titel an der Franchise-Geschicht geséchert.

"Ech fanne keng Wierder. Et ass alles, vun deem ech jee gedreemt hunn", sou de Brunson, deen als wäertvollste Spiller (MVP) an der Finalserie ausgezeechent gouf.

D'Spurs mussen deemno weider op hire sechsten NBA-Titel waarden. Dorunner hunn och déi staark Leeschtunge vum Dylan Harper (25 Punkten) an dem Superstar Victor Wembanyama (19 Punkten / 14 Rebounds) näischt geännert.

Nom Titel gouf et bei de Fans vun den Knicks keen Hale méi. Zu Dausenden hu se op de Stroosse gefeiert.
Nom Titel gouf et bei de Fans vun den Knicks keen Hale méi. Zu Dausenden hu se op de Stroosse gefeiert.
© KENA BETANCUR/AFP

Back to Top
CIM LOGO