
Déi international Basketballfederatioun FIBA huet matgedeelt, datt Lëtzebuerg nieft Finnland an der Schwäiz ee vun dräi méigleche Kandidaten ass, fir Co-Organisateur ze ginn an eng Gruppephas auszedroen. Dobäi kéint et sinn, datt jeeweils eng Gruppephas an deenen dräi Länner ausgedroe gëtt an d'Finalronn an der Schwäiz oder a Finnland.
De Verwaltungsrot vun der FIBA Europe wäert op senger Sëtzung am Mäerz zu Roum an Italien, eng definitiv Entscheedung iwwer d'Organisateure vun der Europameeschterschaft huelen.