Kart-Test zu MonnerechWéi grouss ass den Ënnerscheed zu engem Locatiounskart?

Tom Hoffmann
Déi meescht Leit kenne warscheinlech just e Locatiounskart. Donieft gëtt et awer och e richtege Kompetitiounskart, mat deem d'Piloten hire Wee an de Motorsport ufänken. Zu Monnerech huet den Tom Hoffmann esou e Kart getest an huet eis seng Impressioune matbruecht.
Den Tom Hoffmann huet e Kompetitiounskart zu Monnerech probéiert
Kart-Test zu Monnerech: Wéi grouss ass den Ënnerscheed zu engem Locatiounskart?

Vum Kartsport bis an d'Formel 1 ass et e laange Wee. Déi meescht Pilote sëtze sech scho vu klengem u fir d'éischt hannert Steier vun engem Kart. Fir dësen Test iwwerhaapt méiglech ze maachen, huet de Kart fir d'éischt emol op mech agestallt musse ginn. Op esou engem Kompetitiounskart kann ee vill upassen. Alles muss op de Pilot ofgestëmmt sinn.

De Jean-Claude Hansen, Formateur an der ACL Kart Academy: “En Hobbykart, déi hu Véiertaktmotoen. E Kompetitiounskart wéi dësen zum Beispill huet e Rotax Evo Max Motor, dat ass en Zweetaktmotor, do schwätze mer och vun enger grousser Differenz vun der Leeschtung an dem Reglage. Op engem Kompetitiounskart kann ee wierklech alles astellen, vu Spuer, Stuerz, Nolaf, Breete vum Chassis hannen, bis de Loftdrock fir Pneuen a Fënster ze kréien.”

Iech ass warscheinlech och den Design opgefall. Ech hat nämlech d'Éier, mat engem Kart op d'Pist ze goen, deen zesumme mam Formel-1-Weltmeeschter Lando Norris entwéckelt gouf.

De Jean-Claude Hansen: "De Lando Norris huet a sech eng Kooperatioun mat OTK. OTK ass den italieeneschen Hiersteller De Kart ass komplett op hien opgebaut. Dat ass a sech mat sengem Design, wéi hien dat entwéckelt huet. An esou kann een dat och dann ze kafe kréien, fir dass all Mënsch domadder ka fueren. Mäi Meedche fiert selwer Kompetitioun. D'Jenna mécht dat elo säit et aacht Joer al ass. Hatt ass eebe Lando Norris Fan an deementspriechend muss och alles, wat hatt fiert, och vum Lando Norris sinn.”

Ech war prett, fir an de Kart ze klammen. Kombi un, am Kart vum Lando Norris an de Circuit mat erfuerene Kartpiloten deelen... Ech hu mech kuerz wéi e richtege Kart-Pilot gefillt. Um Circuit war ech awer méi eng Brems. Jidderee wollt laanscht mech.

21 PS hat mäi Junior-Kart. Dir hutt richteg héieren. Ech hat e klenge Kart. Trotzdeem war ech vun der Vitess an der Beschleunegung impressionéiert, well de Kart just 80 Kilo ouni Pilot weit.

Um Enn vu mengen Tier stoung eng maximal Vitess vun 113 Kilometer an der Stonn um Compteur. Meng Beschtzäit? 38,7 Sekonnen. 4 Sekonne vun enger Top Zäit vun engem Junior-Kart ewech.

Beschtzäit mat engem Locatiounskart, deen 10 PS manner huet an 153 Kilo ouni Pilot wäit, läit ëm déi 47 Sekonnen. Deemno war ech ronn 9 Sekonne méi séier. Dat ass eng Welt an dat hunn ech och gespuert.

Meng Impressioun: “7 Tier si ech an engem Kompetitiounskart gefuer an ech muss soen, et ass impressionant, virun allem d'Vitess, ass ee risen Ënnerscheed, par rapport, zum Locatiounskart. A virun allem, wann een d'Linne kennt hei zu Monnerech, ass et net evident, déi och nach ze treffe bei deene Vitessen an och ze kucken, dass de Kart dann um Enn vun der Kéier net ausschléit. Et sinn immens vill Factoren, déi mussen zesummekommen, fir hei séier ze sinn.”

No der Analys vun der Telemetrie, déi een hei genee auswäerte kann, war mäi Coach trotzdeem zefridden.

De Jean-Claude Hansen: “Also déi éischt Ronne waren e bësse méi schwiereg natierlech, bis d'Pneue waarm sinn, bis alles op Temperatur ass, mee duerno hues de dech wierklech gesteigert an do bass wierklech elo déi lescht Ronnen 9 Sekonne méi séier gi wéi déi éischt Ufanksronne, wou s de gefuer bass.”

An ech? Ech war virun allem frou, dass ech de Kart am selwechten Zoustand zeréckbruecht hunn, wéi ech e krut. Bis op ee klengen Dréier ass näischt geschitt. An dat eleng kann ee bei engem éischte richtege Kart-Test schonn als Succès verbuchen.

Back to Top
CIM LOGO