1. Victoire fir McLaren 2026Norris wënnt F1-Course an Ungarn viru Verstappen an Antonelli

RTL Lëtzebuerg
De McLaren-Pilot war vun der Pole Position aus an de Grousse Präis vun Ungarn gaangen.

De Lando Norris huet déi lescht Course virun der Summerpaus gewonnen. De McLaren-Pilot huet sech um Hungaroring zu Budapest an Ungarn virum Max Verstappen op Red Bull an dem WM-Leader Kimi Antonelli op Mercedes behaapt.

Fir den Norris a McLaren ass et déi éischt Victoire an dëser Saison.

Den Norris war vun der Pole an de Grousse Präis vun Ungarn gaangen, hat awer seng Leaderpositioun an der éischter Ronn an der Kéier 2 u säin Teamkolleeg Oscar Piastri missen ofginn. Nom Boxestopp an der 40. Ronn konnt den Norris de Piastri nees iwwerhuelen an ass dunn enger souveräner Victoire entgéint gefuer. De Piastri huet um Enn d'Arrivée net gesinn. An der 56. vun de 70 Ronnen hat hie säin Auto wéinst technesche Problemer misse parken.

Fir Ferrari ass et net duergaange fir de Podium. De Lewis Hamilton ass bis déi lescht Ronnen nach ëm de Podium matgefuer, ma hie krut dunn eng Strof vu fënnef Sekonnen, well en ze séier an der Boxegaass war, an ass nach hannert de Charles Leclerc op Plaz 5 zeréckgefall. De Leclerc war vu Plaz 2 gestart, ma hat direkt um Depart dräi Plaze verluer an ass um Enn de 4. ginn.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

F1 2026 Kalenner

FORMULA 1 AWS HUNGARIAN GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO