
Wéinst den héijen Temperaturen gëllt zanter 12 Auer eng giel Wiederwarnung fir de Süde vum Land. Dat emol bis Hallefnuecht, wéi den nationale Wiederdéngscht Meteolux schreift.

Am Laf vum Dag kënnen aus dem Westen och eng Partie Wolleken iwwert d'Land zéien, an et ka Lokal zu Schaueren oder och engem kuerzen Donnerwieder kommen. Géint der Owend kläert et awer nees am ganze Land op. Et gëtt mat Temperaturen tëscht 28 an 33 Grad gerechent.