
No enger dominanter Course duerft sech de Raul Fernandez iwwert eng Start-Zil-Victoire freeën. Et war eréischt seng zweet MotoGP-Victoire iwwerhaapt. De Leader am WM-Klassement, de Jorge Martin, koum mat däitlechem Réckstand op déi zweet Plaz, knapp viru sengem gréisste Konkurrent ëm de Weltmeeschtertitel, de Marco Bezzecchi.
De Fernandez konnt direkt an der éischter Kéier laanscht de Martin goen an hat d'Féierung vun der Course net méi hierginn. De Martin, de Gewënner vum Sprint e Samschdeg, war am Ufank vun der Course bis op Plaz 4 zeréckgefall. Den Éischten am WM-Klassement huet sech awer an den nächste Ronnen nees op Plaz 2 gekämpft a konnt de Marco Bezzecchi hannert sech halen.
Den Drëtten am General, den Ai Ogura, ass aacht Ronne viru Schluss ausgefall, genee wéi de Francesco Bagnaia.
Virun der MotoGP waren d'Pilote vun der Moto2 am Asaz. Do gouf et eng knapp Victoire fir den Tschech Filip Salac virum Ivan Ortola an dem Alex Escrig. Den Izan Guevara koum just als Fënneften an d'Zil a verpasst domat d'Chance, de Réckstand op de Manuel Gonzalez méi däitlech ze verkierzen. De Leader am Klassement gouf zu Silverstone just de 14, huet awer nach 2 Punkte geraf. De Senna Agius, Drëtten an der Weltmeeschterschaft, huet als 20. keng Punkte kritt.
D'Moto3 huet fir den Ofschloss um Circuit zu Silverstone gesuergt. Do gouf et eng knapp Victoire fir den David Almansa virum Alvaro Carpe an dem Valentin Perrone. Et war dem Almansa seng zweet Victoire an dëser Saison nom éischte Grand-Prix an Thailand. Fir de Carpe bleift et dobäi, dass hien dës Saison net gewanne kann. Hie bleift awer Zweeten am Weltmeeschterschaftsranking a konnt säi Réckstand op de Leader Maximo Quiles reduzéieren. De Quiles war an England net un den Depart gaangen.
Déi nächst Course ass de Weekend vum 30. August an der spuenescher Regioun Aragon zu Alcaniz.
1 Raul Fernandez 39:45,930
2 Jorge Martin +2,538
3 Marco Bezzecchi +3,393
4 Alex Marquez +4,702
5 Pedro Acosta +6,256
1 Filip Salac 35:01,869
2 Ivan Ortola +0,303
3 Alex Escrig +0,652
4 Daniel Holgado +1,743
5 Izan Guevara +2,555
1 David Almansa 32:45,26
2 Alvaro Carpe +0,701
3 Valentin Perrone +0,991
4 Adrian Fernandez +1,111
5 Joel Esteban +3,743
1 Jorge Martin 240
2 Marco Bezzecchi 209
3 Ai Ogura 203
4 Marc Marquez 200
5 Fabio Di Giannantonio 199
1 Manuel Gonzalez 197,5
2 Izan Guevara 155
3 Senna Agius 136
4 Ivan Ortola 133,5
5 Daniel Holgado 128
1 Maximo Quiles 231
2 Alvaro Carpe 146
3 David Almansa 134
4 Brian Uriarte 127
5 Marco Morelli 115