
De fréieren US-President Joe Biden leit un engem aggressive Prostatakriibs, dee sech no Aussoe vu sengem Jong Hunter Biden verschlëmmert huet. Dem Hunter Biden no huet de Kriibs Metastasen an de Schanken an och op weidere Plazen am Kierper gebilt. Trotz staarker Péng an den Aschränkungen duerch d'Krankheet géif den 83 Joer ale Biden awer weider aktiv bleiwen.
Den Hunter Biden huet an engem Interview mat der BBC emotional iwwer d'Situatioun vu sengem Papp geschwat a betount, datt et schwéier wier, dat mat unzekucken. Den Joe Biden hat am Mee 2025 ëffentlech gemaach, datt hie Prostatt-Kriibs huet. Zënterhier gëtt hie mat Bestralung an enger Hormontherapie behandelt. Nach viru kuerzem hat hien erkläert, datt d'Behandlung positiv verlafe géif.
De Biden war trotz Suergen ëm säin Alter a seng Gesondheet fir d'Presidentschaftswalen 2024 nach eng Kéier ugetrueden. No enger schwaacher Debatt géint den Donald Trump huet hien awer seng Kandidatur zréckgezunn. D'Kamala Harris ass doropshin als demokratesch Kandidatin ugetrueden, huet d'Walen awer géint den Trump verluer. Vill Demokrate kritiséieren de Biden bis haut, well si der Meenung sinn, datt hie sech méi fréi hätt missen zeréckzéien.