WRC RallyeOliver Solberg wënnt Rallye Chile

RTL Lëtzebuerg
Duerch dem Solberg seng Victoire huet Toyota de Konstrukteurstitel sécher. De Leader am WM-Klassement Elfyn Evans huet seng Podiumsplaz wéinst engem Platte verluer.
© NIKOS KATIKIS/DPPI via AFP

Den Oliver Solberg huet mat sengem Toyota d'Rallye-Manche a Chile gewonnen. Hie konnt seng Avance vun den zwee éischten Deeg an d'Zil retten. Et war seng zweet Victoire an dëser Saison. Mam Sébastien Ogier (+16,6) stoung e weideren Toyota-Pilot um Podium. Drëtte gouf den Adrien Fourmaux op Hyundai (+33,3). De Sami Pajari, deen déi lescht dräi Manchen an Estland, Finnland a Paraguay gewonnen hat, gouf Véierten. De Elfyn Evans, Leader am WM-Klassement, huet wéinst engem Platten an der zweetleschter Epreuve seng zweet Plaz un den Ogier verluer a gouf um Enn Fënneften.

Den Evans bleift awer weiderhin Éischten am WM-Ranking (230 Punkten), de Pajari ass awer no drun (213) an och de Solberg (209) dierf sech nach Hoffnungen op de Meeschtertitel maachen. Well Toyota a Chile mat véier Autoen ënner déi éischt Fënnef koum, ass hinnen de Konstrukteurstitel net méi ze huelen.

Et bleiwen nach zwou Manchen an dëser Rallye-Saison ze fueren. Den nächste Rendez-vous virun der Finall a Saudi-Arabien ass Ufank Oktober op der italieenescher Insel Sardinien.

Back to Top
CIM LOGO