Dylan Pereira an Team 48 Losch MotorsportKlassevictoire bei NLS9 geet duer fir Championstitel an der PRO-AM-Kategorie ze feieren

Andy Brücker
Um Sonndeg konnten den Dylan Pereira a seng Teamkolleege bis op Plaz 3 am Generalklassement vun der NLS9 fueren, dat ënner ganz schwierege Wiederkonditiounen.

Um Nürburgring ass um Sonndeg eng weider 4-Stonne-Course an der Nürburgring Langstrecken Serie gefuer ginn. Mat um Depart war och nees den Dylan Pereira, deen am Porsche 911 GT3 R EVO vum Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon ugetrueden ass. Hien deelt sech hei de Cockpit mat den zwee däitsche Piloten Tobias Müller a Patrick Assenheimer.

Tobias Müller, Patrick Assenheimer an Dylan Pereira.
© Jeannot Boesen

P2 am Qualifying

Am Qualifying e Sonndeg de Moie konnt den Tobias Müller ganz um Schluss nach eng sensationell Zäit fueren, déi duergaangen ass, fir déi zweetséierst Zäit insgesamt ze fueren, dat mat 7min51,980. Deemno stounge si an der éischter Startrei nieft dem Porsche 911 GT3 R vu Falken Motorsports. Si haten just 0,023 Sekonne Réckstand op d'Pole Position. Plaz 3 goung och u Porsche, dat aus dem Haus Dunlop Motorsport.

D'Course gouf um 12 Auer gestart a fir 15 Auer war massive Reen gemellt.
© Jeannot Boesen

Onglécklech Kollisioun an en Dréier - Trotzdeem P3 am Generalklassement

De Start ass dann och den Tobias Müller gefuer. Hie konnt sech aus alle Reiwereien eraushalen an huet seng zweet Positioun verdeedegt. Vun hannen huet den Dunlop-Porsche Drock gemaach, op deem deen Ament den Nico Menzel gefuer ass. Et koum dunn zu enger onglécklecher Situatioun fir den Tobias Müller, well et koum zu enger Kollisioun mat engem méi luese VW Golf, dat op der Héicht wou een Accident geschitt war, an do deementspriechend eng "Code-60" war. Hei däerf een also just mat 60 km/h fueren. Dat hat de Müller iwwersinn an en ass dem Golf viru sech hannendra gerannt, woubäi d'Felg beschiedegt gouf. En huet Tempo mussen eraushuelen an huet Plaze verluer, well en du fréizäiteg an d'Box gefuer ass, fir den Auto kontrolléieren ze loossen an an engems ze tanken an nei Pneuen opzezéien.

All d'Teams, déi ëm d'Victoire gefuer sinn, ware mat ënnerschiddleche Pneuemarken equipéiert. Et war deemno spannend ze gesinn, wéi eng a wéi enge Konditioune besser funktionéiert hunn.
© Jeannot Boesen
© Jeannot Boesen

D'Wiederkonditioune sinn dann och ëmmer méi schwiereg ginn an den Tobias Müller hat en Dréier mam Porsche 911, wat nach emol Zäit kascht huet.

De Patrick Assenheimer ass e feelerfräie Stint gefuer, éier den Dylan Pereira fir en Duebel-Stint um Schluss den Auto iwwerholl huet. Et waren dunn nach 1 Stonn 40 Minutten ze fueren an de Reen ass ëmmer méi hefteg ginn. De Lëtzebuerger huet sech awer gutt gehalen a konnt Drock op d'Konkurrenz maachen.

Den Dylan Pereira ass déi lescht 100 Minutte vun der Course gefuer an hat nawell mat ganz schwierege Konditiounen ze kämpfen. Plazeweis war richteg Aquaplaning op der Streck.
© Jeannot Boesen

Déi Ophueljuegd gouf awer gebremst, wou gemellt gouf, dass d'Team 48 Losch Motorsport eng Duerchfaartsstrof kritt huet, dat warscheinlech wéinst der Kollisioun mam Golf um Ufank vun der Course. Doduerch huet den Dylan Pereira Plaz 2 verluer, déi en an Tëschenzäit intus hat.

© Jeannot Boesen

En ass no sengem leschte Boxestopp op Plaz 3 nees zeréck op d'Streck komm an huet déi bis d'Arrivée kuerz no 16 Auer och verdeedegt. Nieft enger exzellenter 3. Plaz am Generalklassement war et dann och d'Victoire an der PRO-AM-Kategorie.

D'Freed iwwer Plaz 3 am Generalklassement war grouss, och wann et wéi aus Eemere gereent huet.
D'Freed iwwer Plaz 3 am Generalklassement war grouss, och wann et wéi aus Eemere gereent huet.
© Susanne Rossbach

Plaz 2 geet un den Dunlop-Porsche (#17) mam Nico Menzel a Flynt Schuring. Gewonne gouf d'Course vun der Startnummer #44, dem Tim Heinemann an dem Morris Schuring och op Porsche 911 GT3 R. Deemno 3 mol Porsche um Podium, an allen dräi och mat verschiddene Pneue-Marken ënnerwee (Falken, Dunlop a Goodyear). Ouni d'Duerchfaartsstrooss an den Dréier hätt ee mam Porsche #48 och Chancen op d'Gesamtvictoire gehat. Si haten 1min04 Réckstand op de Gewënner.

3 mol Porsche-Teams um Podium
© Jeannot Boesen

Championstitel geséchert

Eng Course virum Enn vun der Saison ka sech d'Lëtzebuerger Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon den Titel an der PRO-AM-Kategorie vun der Nürburgring Langstrecken Serie sécheren! Et ass hir éischt Saison mam 911 GT3 R Evo an et konnt ee sech direkt dat gesaten Zil setzen a fréizäiteg den Titel feieren. De Weekend mam "double-header", deemno zwou Coursse bannent zwee Deeg, war also en absolutte Succès fir Pereira, Assenheimer a Müller. Et dierft an der Box vu Losch Motorsport um Sonndeg nawell gutt gefeiert ginn.

© Susanne Rossbach

Den 10. Oktober ass d'NLS10, deemno déi lescht Course vun der Saison.

Onboard vum Porsche 911 GT3 R Evo vum Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon

Back to Top
CIM LOGO