Am TaktMam Adriano Selva, dem Culture Forest Festival, Veda Bartringer an dem Alex Fernandes

Loïc Juchem
D'Emissioun iwwert d'Lëtzebuerger Musekszen leeft Méides Owes tëscht 19h30 an 21h00 op RTL Radio.
© RTL Grafik

Den Adriano Selva ass zu Lëtzebuerg keen Onbekannten an huet elo erëm nei Musek dobaussen.

© Amour Moderne - Adriano Selva

Am RTL-Interview geet hien och drop a wisou, datt hien elo op Paräis geplënnert ass a wéi dat senger Karriär soll hëllefen a betount, datt et de richtege Schratt war virun engem Joer op franséisch Musek ëmzeklammen. Den éischte Concert spillt hien den 13. Juni an der franséischer Haaptstad.

01/06/2026 Adriano Selva am Interview

D’Gittaristin a Komponistin Veda Bartringer presentéiert mat Veda & the String Machine e musikalesche Projet, dee Jazz a klassesch Musek op eng originell Aart a Weis verbënnt.

© philharmonie.lu

Den Album Rise and Shine erzielt mat siwe Kompositioune Geschichten iwwer Erënnerungen, Verännerung a perséinleche Wuesstem. Besonnesch Stécker wéi Ancestors oder Rue de l’Étuve weisen d’Villsäitegkeet an d’Kreativitéit vun der Musekerin. E Samschden de 6. Juni ass e Concert vum Veda an der Philharmonie an do gëtt de ganzen Album virgestallt.

01/06/2026 Veda Bartringer am Interview

De Weekend ass zu Esch och de Culture Forest Festival.

© Culture Forest Festival

Mat dobäi sinn am Clair-Chêne Park d'Hannah Ida, Laura Thorn, Joel Marques, One Last Time, Jickeclub an The Disliked. Als Special Guest trëtt d'Eva Marija op, eis Stëmm um ESC zu Wien dëst Joer. Et ass dem Eva säin éischten Optrëtt no der Eurovisioun.

01062028 Am Takt Culture Forest Festival zu Esch

Um Schluss vun der Sendung hu mer och nach den Alex Fernandes kennegeléiert, hie mëscht Musek ënnert de Kënschtlernimm aalex a produzéiert ënnert dem Numm 4lexf.

1/06/2026 Alex Fernandes am Interview

Hien ass e lëtzebuergeschen Artist a Produzent, deen zënter Joren erfollegräich Beats op YouTube publizéiert an do iwwer 20.000 Abonnente gesammelt huet. Hien huet scho mat verschiddenen internationale wéi och lëtzebuergeschen Artiste geschafft a presentéiert elo seng nei däitschsproocheg Single "Wo du bist".

Lauschtert hei nach emol alleguerten d'Lidder aus der Emissioun vum 01/06/2026:

Back to Top
CIM LOGO