RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Dr Marc Graas

Patrick Greis
De Marc Graas kennt een als Psychiater, Auteur vu Kriminalromaner an ass de Fils vum Gust Graas.
© Patrick Greis

Am ‘Café des artistes’ beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel zielt hien iwwer seng Stagen an der Villa Louvigny, verréit dass hien als Student zu Innsbruck schonn Papp ginn ass. Thema sinn och d’Äschen vum verstuerwenen Schwéierpapp an dass d’Airline déi net mathuele wollt. Et geet ëm déi klassesch Couche an der Praxis, droleg Fäll, LSD an dass een mat Bicher schreiwen keng Suen verdéngt. Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO