De bekannten däitschen Déierefilmer Andreas Kieling huet eng spannend awer net ongeféierlech Aarbecht. 2023 gouf hien vun enger schwaarzer Mamba gebass an en huet och schonn emol Bekanntschaft mat engem Bier gemaach, deen en attackéiert a blesséiert huet. 1991 huet hie säi Wee mat der Kamera ageschloen an seng éischt Rees goung an Alaska. Seng vill ongewéinlech Ausflich an d’Déierewelt huet hien dokumentéiert an de 24. Abrëll kënnt hie fir een Owend mat senger Video-Show ‘Andreas Kieling - Alaska & Wildes West-Europa’ an de Centre Culturel Machera op Gréiwemaacher op Invitatioun vum Fotoclub Flash Grevenmacher.

De Paul Braun hofft beim ‘City Nature Challenge’ op vill Hëllef aus dem ganze Land. Hien huet zu Berlin Geowëssenschaften mat Schwéierpunkt Paleontologie studéiert. Et ass déi 11. Editioun fir Lëtzebuerg, wou d’lescht Joer 251 Leit matgemaach hunn a wou op 4 Deeg 10.635 Observatiounen gemaach goufen bei 1.784 Aarten. Donnéeën, déi vun den Wëssenschaftler am Naturmusée verschafft ginn. Sou kritt een eng besser Iwwersiicht, wat hei zu Lëtzebuerg alles wiisst a blitt. Weltwäit sinn zejoert 3,3 Millioune Observatiounen gemaach ginn. Et kann ee sech elo schonn d’App iNaturalist eroflueden an d’Infoen iwwer d’Aktivitéiten gëtt et op instagram.com/citnatchallenge.

D’Joëlle Kieffer lancéiert mam Kiwanis Hesper Roude Léiw nom ‘Charity Bike’ (2025) den ‘Trail of Life’. De Service Club proposéiert dëse Sonndeg zwou verschidde Strecke vun all Kéier ronn 5km mat Depart an Arrivée am Hesper Park. d’Participante kënnen no enger Ronn ophalen oder lafe weider. Et gëtt kee Chronometrage a keng Kilometerbegrenzung. Steigungen a Gefäll sollen d’Héichten an d’Déiften am Liewe symboliséieren, dëst och am Kontext vun enger schwéierer Krankheet zum Beispill enger Kriibsdiagnose. Den Erléis geet integral un den Télévie. Um 8h30 geet de Site e Sonndeg beim Centre Nic Braun op. Et gëtt Kanneratelieren a Musek mam DJ MAYBE JOHN an ënnerwee spillen 2 Banden.
