Coronavirus zu LëtzebuergZwou weider Persoune gestuerwen, vun 12.223 Tester waren der 147 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 606 läit.
© RTL

Aktuell sinn 68 (+5) Persounen hospitaliséiert, dovunner 14 (+1) op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.632 (+10) aktiv Infektiounen an 49.301 (+135) Persoune gëllen als geheelt.

E Mëttwoch kruten 1.079 Persounen hir 1. Dosis gesprëtzt, 389 Leit kruten hir 2. Dosis gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 21.390 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO