
E Grupp vu Jugendlecher huet hei wuel zwou Persounen attackéiert, eng dovunner gouf liicht am Gesiicht blesséiert. D'presuméiert Täter konnten net ermëttelt ginn, dofir sicht d'Police elo no Zeien. All Informatiounen iwwer de Virfall si fir d'Police aus der Stad ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail: police.luxembourg@police.etat.lu.
E Méindeg den Owend géint 23.30 Auer gouf e Mann zu Déifferdeng an der Rue Michel Rodange vu Beamte kontrolléiert, well dësen no Marihuana geroch huet. De Mann huet allerdéngs rebelléiert, ee vun de Beamte gestouss an ass handgräiflech ginn. De Mann gouf immobiliséiert an eng Plainte gouf deposéiert.
Um Circuit de la Foire Internationale um Kierchbierg gouf e Méindeg den Owend géint 20 Auer e Mann iwwerfall. D'Police konnt den Täter spéiderhin awer festhuelen.