
E Mëttwoch koum e 44 Joer alen Albaner op Lëtzebuerg. Him gëtt virgeworf am Zäitraum vum November 2019 bis Mäerz 2020 e puer mol an Haiser agebrach ze sinn. Dobäi hätt hie Bijouen a Boergeld an enger héijer Zomm geklaut.
En 49 Joer alen Däitsche gouf dann en Donneschdeg op Lëtzebuerg bruecht. Him gëtt Bedruch souwéi Blanchiment am grousse Stil reprochéiert.