GeriichtZwee mol 15 Joer feste Prisong no brutalem Iwwerfall op eeler Koppel

RTL Lëtzebuerg
Dat ass d’Urteel, dat en Donneschdeg de Mëtten op der Chambre criminelle an der Stad géint zwee presuméiert Home-Jacker gesprach gouf.

Si goufe schëlleg gesprach, am November 2017 eng eeler Koppel um Belair brutal iwwerfall ze hunn, a Bijouen am Wäert vu bal 900.000€ matgoe gelooss ze hunn. Si haten am Virfeld d’Koppel an enger Shopping-Mall zu Bartreng observéiert, wat mat Hëllef vu Biller vun Iwwerwaachungskameraen ze beleeë war.

Bei d'Prisongsstrof kommen Dedommagementer fir d’Koppel an Héicht vun 256.000€, an d’Assurance hätt vun deenen zwee gär iwwert eng hallef Millioun.

Back to Top
CIM LOGO