
Wéi de Parquet op Nofro hi confirméiert huet, gouf e Méindeg zu Metz e Mann festgeholl, deen am Verdacht steet, zu Rodange bei enger Schéisserei eng Persoun blesséiert ze hunn. Wéi präziséiert ginn ass, ass dëst am Kader vun engem europäesche Mandat d’Arrêt geschitt.
Geschitt war dëse Virfall Ufank November. An der Nuecht vum 6. op de 7. November war géint 2.15 Auer an der Rue Joseph Philippart eng Persoun ugeschoss ginn.
D’Affer soll sech deemools an der Géigend vun engem Café opgehalen hunn, wéi et vun zwee Schëss getraff gi war. Den Täter war dono geflücht, d’Affer an d’Klinik komm, ma net liewensgeféierlech blesséiert.