
Et huet sech erausgestallt, datt de Chauffeur warscheinlech eng Kollisioun mat engem Géigestand hat. Hien hat gedronk a säi Führerschäin gouf agezunn.
Zu Stroossen war e Freideg am fréien Owend en Automobilist engem aneren hannendrop gerannt. De schëllege Chauffeur ass mat sengem du getéitschten Auto einfach weider gefuer. Eng Policepatrull huet den Automobilist bei deem doheem zur Ried gestallt. Hien hat gedronk an de Permis gouf och hei agezunn.