
D'Streck gouf fir ronn eng Stonn fir den Trafic gespaart.
Wéi de CGDIS mellt, goufen 2 Persoune verwonnt. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Beetebuerg a Leideleng.
Méi Detailer sinn net gewosst.
Kuerz no 1 Auer an der Nuecht op e Freideg koum et um CR123 tëscht Colmer-Bierg a Kruuchten zu engem Accident. De Chauffer huet an enger laanggezunne Rietskéier d'Kontroll iwwer säi Won verluer an ass kuerz virum Agang vu Kruuchten an de Gruef geroden.
En Awunner hat den Accident héieren, ass op d'Plaz gaangen an huet direkt d'Rettungsdéngschter alarméiert.
De Bäifuerer gouf schwéier blesséiert. Nodeems hien aus dem Auto gerett gouf, ass hien nach op der Plaz behandelt ginn, ier en an d'Spidol koum. De Chauffer gouf just liicht blesséiert.