CGDISZwee Asätz op der A7 um Freideg Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 17 Auer ass en Auto an der Sortie Schëndels op der Autobunn A7 an d'Leitplanke gaangen, hei gouf eng Persoun blesséiert.

Nëmmen e puer Minutte méi fréi waren op der nämmlechter A7, déi Kéier tëscht Miersch an dem Mierscher Tunnel, zwee Autoe matenee kollidéiert. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt.

Eng weider Kollisioun gouf et am spéiden Nomëtteg op der N10 tëscht Réimech a Bech-Klengmaacher, kuerz drop koum ee Motosfuerer un d'Falen op der Autobunn A3 zu Léiweng a Richtung Beetebuerger Kräiz - op béide Plaz gouf jee eng Persoun blesséiert.

Da war nach ee Auto a Brand um véierel op zwou,  dat op der Autobunn A13 an Direktioun Schengen tëscht Munderef an dem Tunnel Markusbierg. Déi Kéier gouf kee Mënsch verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO