
10.000 Euro pro Awunner hunn déi 4 Gemengen Ettelbréck, Schieren, Ierpeldeng un der Sauer an Dikrech jo gefrot, fir de Fusiounsprojet Nordstad ëmzesetzen. Bis Enn dës Joers huet een der Regierung Zäit ginn, fir eng Decisioun ze huelen.
Mam Fusiounsfong sollen d'Gemengen ënnerstëtzt ginn, dat ass esou am Koalitiounsaccord virgesinn. Dem Léon Gloden geet et awer net just ëm Infrastrukturen:
Léon Gloden (CSV): "Kloer, et geet ëmmer ëm Infrastrukturen. Kloer, Infrastrukture kaschten. Mee et, wéi gesot, sinn zwee Aspekter. Et sinn d'Infrastrukturen an op där anerer Säit ass wierklech do dee politesche Wëllen, och wierklech de Leit ze verstoe ginn, majo, wann déi Fusioun zustane komm ass, da si mer eng Gemeng an dann agéiere mer als eng Gemeng a mir mussen et fäerdeg bréngen, datt déi Leit sech dann och an där Gemeng wuel spieren, sech als Bierger vun där Gemeng spieren."
An awer: de finanziellen Aspekt ass wichteg, dat gëtt och de Minister zou. Bei 10.000 Euro pro Awunner wier ee bei iwwer 200 Milliounen Euro, déi di 4 Gemenge fuerderen:
Léon Gloden (CSV): "Ech mengen, 220 Milliounen ass awer héich gegraff. Do muss een och e bëssen de Verglach maache mat anere Gemengen, déi an där Gréisstenuerdnung sinn. Mee wéi gesot, komm mir loossen alt eis zesummesetzen an dann iwwert d'Finanze schwätzen."
Fir d'Rentrée wëll ee sech mat den zoustännege Buergermeeschteren a Ministeren zesumme setzen a weider iwwer de Projet Nordstad diskutéieren.