PoliceZuel vun den Déifställ aus Kelleren a Gemeinschaftsraim ass geklommen

RTL Lëtzebuerg
An der Lescht goufen der Police nees méi Fäll gemellt, wou Saachen aus Kelleren oder Gemeinschaftsraim, bzw Déifgaragë geklaut goufen.

Dowéinst gëtt d'Police präventiv e puer Tipps, wéi ee sech viru sou Déifställ beschütze kann:

  • Keller a Garagen ëmmer zouspären
  • Géigestänn vu méi héijem Wäert, wéi Vëloen oder Schaffgeschir ëmmer separat sécheren
  • Keng Wäertgéigestänn bannent dem Auto leie loossen
  • Bei Gemeinschaftsgarage soll opgepasst ginn, dass keng friem Persounen erakommen. Dofir soll dofir gesuergt ginn, dass d'Garagepaarten ëmmer séier a richteg zougemaach ginn
  • Wann iech eng Persoun an der Géigend vun ärer Residenz opfält, déi der net kennt, sollt ee sech uschwätzen a froe wat se do mécht
  • Alarméiert direkt d'Police (113), wann iech eng verdächteg Persoun opfält
Back to Top
CIM LOGO