Coronavirus zu LëtzebuergZuel vu positive Fäll klëmmt op iwwer 3.000, 2 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, vu 44 op 46 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 64 positiv geteste Patienten zënter en Dënschdeg. Vun den 3.034 Persoune sinn 2.524 Residenten a 510 Non-Residenten.

Zënter en Dënschdeg ass d'Zuel vun den Doudesaffer zu Lëtzebuerg ëm 2 Persoune geklommen a läit elo bei 46 Leit. D'Altersmediane läit bei 86 Joer.

Zanter dem Ufank vun der Kris goufen 26.573 Tester gemaach. Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch goufen 871 Tester duerchgefouert.

Am Moment leien 231 Persounen, déi infizéiert goufen, am Spidol, dovunner 34 op der Intensivstatioun. 354 Persoune konnten d'Spidol bis ewell nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO