Woch vum 18.-24. OktoberZuel vu positive Fäll geet vun 786 op 981 erop

RTL Lëtzebuerg
D'véiert Covid-Well ass der Ministesch Lenert no do. D'Zuelen vum Wocheréckbléck ënnermaueren dëst.

Am Wocheréckbléck vun der Santé goufen et d'lescht Woch genee 981 Neiinfektiounen. Dat sinn der bal 200 méi, wéi d'Woch virdrun.Den Inzidenz-Taux vun de Persounen, déi sech nei mam Virus ugestach hunn a komplett geimpft waren, leit bei 105 op 100.000 Awunner. Dësen neien Taux ersetzt jo zanter zwou Wochen aner Statistiken, fir der Santé no, méi reell d'Situatioun vun vaccinéierte Leit ënnert de neien Infizéierten duer ze stellen. Bei den Ongeimpften ass en op 241 op 100.000.

De Covid-Wocheréckbléck

An der ENAD an der Stad gouf et iwwerdeem en Zenario 4: am Erwuessenelycée goufen et 7 positiv Fäll an enger cinquièmes Klass.Wéinst dem Virus waren d'läscht Woch 1740 infizéiert Leit an der Isolatioun; ronn 4200 an der Quarantaine.

Wou gëtt sech ugestach?

All drëtten Neiinfizéierten huet sech an der Famill ugestach, 14% an der Schoul, 7% bei enger Freizaitaktivitéit an 6,5% op der Schaff. D'Reesen an d'Ausland als Corona-Source si bal komplett ewechgefall.17 Patiente waren an de Spideeler, wouvunner der 11 net geimpft waren. Vun den 7 Patienten an der Rea waren der 5 net vaccinéiert. D'Situatioun an de Spideeler gëtt als stabel beschriwwen. D'Altersmoyenne vun de Patienten ass vun 67 op 51 Joer gefall.D'lescht Woch sinn och nees 2 Leit a Relatiounen mam Virus verscheet. D'Altersmoyenne vun den Affer leit bei 71 Joer.All d'Tauxen goungen d'lescht Woch erop: de Reproduktiouns-Taux vun 1,11 op 1,17 an de Positivitéits-Taux vun 4,8 op 5,9%. Den Inzidenz-Taux geet vun 124 Fäll op 155 fir 100.000 Awunner op 7 Deeg erop.D'Impfungen dann: d'lescht Woch goufen eng 10.500 Dosen gesprëtzt - eng 3.500 Persounen kruten de Booster. Aktuell sinn domat 415.500 Leit am Land komplett geimpft, wat en Impf-Taux vun 75% vun de Leit iwwer 12 Joer ausmécht.Och an allen 13 Kläranlagen, wou de LIST Echantillonen hëllt, goung d'Prevalenz vun den viralen Réckstänn liicht an d'Luucht.

PDF: De Wocheréckbléck vum 18. bis 24. Oktober

Back to Top
CIM LOGO