Den Ament huet si iwwer 4.000 Follower. An awer, dat kënnt net bei jiddwerengem gutt un.
D’Sylvie Greiveldinger hëlt sech selwer net ze eescht. Am Géigendeel. "Ech muss heiansdo selwer iwwer mech laachen“, seet si. Genee dat mécht hire Succès aus: si weist sech authentesch a spontan. Fir vill Leit ass dat sympathesch. Fir anerer net.
Nieft positive Reaktioune krut si och scho vill negativ Kommentaren. "Well ech keng Zänn hunn, déi den Ament halen, krut ech vill schlecht Kommentaren“, erzielt si. Eng Situatioun, déi weist, wéi séier d’Stëmmung a sozialen Netzwierker kippe kann. Tëscht Ënnerstëtzung an Haass ass et heiansdo nëmmen e klenge Schratt. Si seet – “dann drénken ech e Kaffi an hunn et vergiess.”
Trotzdeem bleift d'Sylvie sech selwer trei. "Ech sinn esou ewéi ech sinn“, seet si. A genee dat wëllt si och weisen. Fir si ass TikTok net nëmmen eng Plattform, mee eng Méiglechkeet, sech auszedrécken – och wann dat heiansdo Kritik mat sech bréngt.
D’Videoe vun der Sylvie sinn eng Mëschung aus Humor an Alldag. Si test Produiten, geet live a schwätzt mat hirer Community. Mee hannert de Videoe stécht och eng Realitéit, déi net ëmmer einfach ass. Kritik, negativ Kommentaren – an d’Fro, wéi een domat ëmgeet.
D’Sylvie Greiveldinger weist: et muss een net perfekt sinn, fir sech ze weisen. Mat hirer Aart a Weis brécht si vill Klischee a weist, datt Authentizitéit och haut nach Plaz huet. An dat ass vläicht genee dat, wat hir Follower un hir schätzen.