De Gros vun de Leit hält sech un d’Virgabe vun der Regierung: se bleiwen doheem a wa se bis virun d’Dier ginn, maache se dat eleng oder mat der Persoun, mat där se wunnen.
D’Distanze ginn agehalen. Ma an awer muss d’Police alt intervenéieren. Am Ufank goufen och méi Autoe kontrolléiert, esou de Police-Regionaldirekter vum Centre-Est, den Arno Munhowen. Déi Kontrolle si mëttlerweil awer erofgefuer ginn. Dofir ginn et méi Interventiounen doheem, well sech d’Leit do net un d’Social Distancing-Mesuren halen a Gäscht hunn. Esou richteg grouss Partyen hätt een awer keng.
Ma et kéim scho vir, datt d’Police vun Nopere kontaktéiert gëtt, well an hirer Géigend Leit eng Gaardeparty hunn oder sech méi Leit op engem Coup rassembléieren, eppes dat am Etat de crise verbueden ass. Den Arno Munhowen: "Wat mir maachen, ass mir probéieren, emol fir d’éischt, wa mer op Leit treffen, déi zesumme sëtzen, ze sensibiliséieren, datt et net richteg ass. Wa kee Versteesdemech do ass, da musse mir natierlech verbaliséieren. Wa ganz grave Verstéiss sinn, da verbaliséiere mir direkt. Wou mir och direkt verbaliséieren, ass wa mir Verstéiss am kommerzielle Beräich feststellen. Dat heescht Geschäfter, déi am Fong schaffen, obwuel se net dierfte schaffen"
Och hei wier d’Zuel vun deenen, déi sech net un d’Reegelen halen, iwwersiichtlech. De Moment ass d‘Haaptmissioun vun der Police ze kucken, datt d’Covid-Mesuren agehale ginn. An do ass ee vun der Police judiciaire an de Polizisten, déi am administrativen Déngscht schaffen, ënnerstëtzt ginn. Et kann och sinn, datt ee vun engem Beamte vun der Police judiciaire an Zivil ugehale gëtt, esou den Arno Munhowen, där wieren nämlech och drënner.
Iwwregens kann d’Police d’Persounen zu all Moment no hirer Carte d’identité froen, esou steet et am Gesetz.
Erënnere mir nach emol drun, datt Privatleit, déi sech net un d’Mesurë vun der Regierung halen, 145 Euro Strof riskéieren. Fir Commercen ass et eng Strof vu bis zu 4.000 Euro. Am Fall wou een nach emol erwëscht gëtt, sinn et bis zu 8.000 Euro.
