
Enn Mee koum jo d’Annonce, dass bei der SES 10 bis 15% vun de Mataarbechter wäerten ofgebaut ginn. Et ass Deel vun engem Spuer- a Restrukturatiounsplang beim Satellitte-Bedreiwer. Och de Siège hei zu Lëtzebuerg géif vun där Mesure net verschount bleiwen.
An den Negociatiounen ëm e Sozialplang, déi de 25. Juni ugefaangen hunn, wier et de Gewerkschaften OGBL an LCGB awer scho gelongen, d’Zuel vu betraffene Leit ze reduzéieren.
An awer géif e battere Bäigeschmaach bleiwen, well virgesinn wier, dass verschidde Personal-Delegéiert, a souguer Delegatiounspresidenten hir Plaz solle verléieren. Dat wier fir d’Syndikater inacceptabel, heescht et an engem Schreiwes, well grad déi Leit viru Licenciementer protegéiert wieren, fir d’Interête vum Personal ze verdeedegen.