Mat Messer openee lassgaangenZu Uewerkuer koum et zu engem brutale Familljesträit

RTL Lëtzebuerg
Eng Ausernanersetzung tëscht enger Koppel war därmoossen eskaléiert, datt eng Fra an e Mann sech géigesäiteg mat engem Messer blesséiert hunn.

De Mann huet missen an d'Spidol bruecht ginn. D'Fra ass liicht blesséiert ginn.

Op Unuerdnung vum Parquet gouf eng Enquête wéinst Gewalt am Stot opgemaach. D'Fra ass festgeholl ginn a koum op Schraasseg. Si huet Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO