Op frëscher Dot ertapptZu Péiteng goufen zwee Abriecher in flagranti erwëscht

RTL Lëtzebuerg
An der Rue des Jardins hunn d'Awunner vun engem Méifamilljenhaus 2 Onéierlecher dobäi erwëscht, wéi si an enger Wunneng no Wäertgéigestänn gesicht hunn.

D'Männer hu sech zu Péiteng a Richtung Zentrum aus dem Stëbs gemaach. All Informatioune si fir d'Police Déifferdeng (Tel.: 244 531 000).

Täterbeschreiwung vun der Police:

Beide Männer waren um die 40 Jahre alt und sprachen Luxemburgisch. Die eine Person war von dicker Statur, hatte schwarzes Haar und war mit einer grau/blauen Joggings Hose und einer grauen Jacke bekleidet. Die zweite Person war von dünner Statur und mit einer blauen Jeanshose und einem blauen Pullover bekleidet.

Soss am Police-Bulletin:

Agebrach gouf e Méindeg och an der Stad an der Rue de Mühlenbach an engem Eefamilljenhaus. Hei goufe Wäertgéigestänn geklaut.

Op frëscher Dot ertappt goufen e Méindeg och 2 Drogendealer op der Stater Gare an zu Gaasperech an der Rue de la Scierie. Am Ganze goufen 9 Bulle Kokain a 50 Gramm Marihuana saiséiert. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Dealer festgeholl a misste sech en Dënschdeg de Moie virun engem Ënnersichungsriichter veräntwerten.

De Beamte vun der Police ass e Méindeg och e Fuerer opgefall, deen ënner Alkoholafloss zu Bartreng gefuer ass. Den Automobilist gouf protokolléiert, de Führerschäin krut de Chauffer awer net ofgeholl.

An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg huet d'Police zu Esch/Uelzecht e Gefier kontrolléiert, dat staark no Cannabis geroch huet. De Chauffer huet positiv op den Drogentest reagéiert a misst fir weider Blutt- an Urintester an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO