
Hei sinn zwee Kanner vun engem Automobilist ugestouss ginn. D'Ambulanze vu Jonglënster an der Stad waren op der Plaz.
Op der N15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen ass et am Méindeg Nomëtteg géint 15.35 Auer ausserdeem zu engem Accident tëscht zwee Autoe komm. Eng Ambulanz a Secouristen aus Ettelbréck waren op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren.