
An enger éischter Phas huet de presséierte Chauffer net agesi stoen ze bleiwen. Kuerz Zäit drop huet en dann awer stallgehalen. E stoung ënner Alkoholafloss an huet mussen op der Plaz de Führerschäin ofginn.
Géint Hallefnuecht ass e Mann zu Esch mat sengem Auto an eng Rei aner Gefierer gerannt an huet e Stroosseschëld mat ewech geholl, och hie war alkoholiséiert.
Op der Kräizung vun der Avenue Monterey mam Boulevard Joseph II koum et géint 1.40 Auer um Samschdeg zu engem Accident. Een Automobilist huet zouginn, dass en duerch rout gefuer ass. Den Alkoholtest bei béiden Automobiliste war allerdéngs positiv, sou dass béid Chaufferen hire Führerschäi lass waren. Et gouf kee blesséiert.
Géint 2 Auer dann huet eng Policepatrull op der A4 e Won gestoppt, dee mat héijer Vitess ënnerwee war. Hei sollt sech och erausstellen, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. Konsequenz dovu war, dass en de Führerschäin huet mussen de Polizisten iwwerloossen.