PoliceZu Lëtzebuerg agebrach, an der Belsch gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg gouf am Rollengergronn an engem Eefamilljenhaus agebrach, ouni datt d'Haushären eppes dovu matkruten - si hu geschlof.
© Police

Um Samschdegmëtteg gouf dunn déi lëtzebuergesch Police doriwwer informéiert, datt déi belsch Kollegen déi zwee Brigangen mat hiren Eruewerunge festhuele konnten.

Hir Identitéite goufen opgeholl an eng Plainte gouf deposéiert. Iwwerdeems goufen déi geklaute Géigestänn séchergestallt an de Proprietären nees zeréckginn.

Back to Top
CIM LOGO