Flamen a vill DampZu Lëlz gëtt et aktuell e Pompjeesasaz wéinst engem Brand

Andy Brücker
Vu Leit aus der Géigend krute mer Fotoe vun engem grousse Brand zu Lëlz erageschéckt.

Zu Lëlz gëtt et aktuell e gréissere Pompjeesasaz, nodeems e Brand um Daach vun der aler Sportshal ausgebrach ass. An deem Gebai ass ënnert anerem enger Klammwand, grad ewéi Depote vun der Gemeng.

Pompjeesasaz wéinst Brand zu Lëlz
Den Daach vun der aler Sportshal huet um Samschdeg den Owend Feier gefaangen.

Aus der ganzer Regioun krute mer Fotoen erageschéckt, ënnert anerem vun Ënsber. Iwwer Kauneref ass och vill Damp, kréie mer vun der Plaz gemellt.

Back to Top
CIM LOGO