Alkoholkontroll: 482 Chauffere kontrolléiert22 Chauffere positiv getest, a véier Fäll war de Permis fort

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police op Uerder vum Parquet eng Alkoholkontroll duerchgefouert.
Alkoholtest
© Archiv

D'Kontroll war tëscht 23:00 Auer an 02:30 Auer op der Nationale 32 tëscht der Sortie vun der A13 an der Industriezone Um Woeller a Richtung Suessem. 482 Chaufferen hu musse blosen. An 22 Fäll war den Test positiv, et goufe 14 Procès-verbauxe geschriwwen a 4 Fürerschäiner goufen op der Plaz agezunn.

Chauffer am Zickzack ënnerwee

Géint 03:00 Auer e Samschdeg de Moie krut d'Police een Auto gemellt, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Op der Aire de Berchem huet d'Police de Chauffer fonnt. Den Alkoholtest war positiv, de Permis fort an eng Plainte gouf gemaach.

Ouni Führerschäin op der A1 ënnerwee

Bei enger Vitesskontroll op der A1 huet d'Police e Freideg den Owend géint 22 Auer e Chauffer erwëscht, dee mat ze héijer Vitess ënnerwee war. Zu Fluessweiler konnt d'Gefier gestoppt ginn. De Chauffer, deen zu Tréier säi Wunnsëtz huet, hat kee Permis bei sech. No enger Réckfro bei den däitschen Autoritéiten huet sech erausgestallt, datt de Mann kee gëltege Führerschäin huet. Hien huet net méi dierfe weiderfueren an eng Plainte gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO