Zu Gréiwemaacher war e Freideg déi drëtt Editioun vum Landwirtschaftsdësch. D'Ressortministesch Martine Hansen souz mat de Vertrieder aus dem Secteur zesummen, fir sech driwwer ze beroden, wéi déi zukünfteg gemeinsam Agrarpolitik no 2027 soll ëmgesat ginn, a fir dat nächst Agrargesetz virzebereeden, dat bis 2028 soll fäerdeg sinn.
Dat sinn zwar nach zwee Joer, mä et ass definitiv net ze fréi, fir mat deenen Aarbechten unzefänken, seet d'Landwirtschaftsministesch an erënnert virop un d'Prozeduren. Bis esou e Gesetz duerch de Staatsrot an d'Chamber ass, kënnen eng ganz Rei Méint vergoen.
Allerdéngs ass op europäeschem Niveau nach villes onkloer. Eent ass awer scho sécher, den europäesche Budget fir d'Landwirtschaft ass gekierzt ginn. Doriwwer ass natierlech kee frou, och net de President vun der Landwirtschaftskammer de Christian Hahn.
"Dat heescht, mir mussen u sech méi maachen, méi erfëlle mat manner Suen. Dofir ass et en d'Challenge, fir ze kucken ob nach iergendwéi eppes ze maachen ass, fir op d'mannst op dee Montant ze kommen, dee mer haten, am Léifste fir déi méi Aarbechten an Aufgaben, déi mer sollen am Ëmweltberäich iwwerhuelen."
Op dee Wonsch an Erfëllung geet ass awer nach ongewëss.
Fir dat neit Gesetz goufen elo mol an enger éischter Phas eenzel Kapitelen aus dem aktuellen Agrargesetz gekuckt, fir ze diskutéieren wat ee bäibehale soll a wat net.
D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen: "D'Bauerevertrieder hu gesot, si hätte léiwer Kontinuitéit wéi erëm alles op d'Kopp ze geheien. Bei villen Ëmfroen ass erauskomm, datt d'Baueren och gäre Previsibilitéit hätten, a wa mir all 7 Joer alles komplett op d'Kopp geheien, dann ass keng Previsibilitéit do. Da kann u sech keen Entrepreneur plangen."
Eng vun deene grousse Prioritéiten an deenen nächste Joren ass et jonk Baueren z'ënnerstëtzen. Eppes wat enorm wichteg ass, wéi de President vun der Landwirtschaftskammer confirméiert. Viru 40 Joer hätt de Secteur nach aus 4.000 Betriber bestanen, elo sinn et der nach knapps 1.800.