Méiglech Presenz vu Friemkierper (Glas)ALVA rifft "Panna cotta fraise matcha - 125g" zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'ALVA rifft den "Panna cotta fraise matcha" zeréck, well méiglecherweis Friemkierper kéinten dra sinn, méi genee Glas.
© RTL

D'Lëtzebuerger Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) huet e Samschdeg en neie Réckruff bekannt ginn. Deemno gëtt de "PANNA COTTA FRAISE MATCHA" zeréckgeruff, wéinst méiglecher Presenz vu gliesene Friemkierper. Als Marque gëtt "SANS MARQUE" uginn.

Betraff sinn d'Produite mat 125g Inhalt, mat der Consommatiounslimitt vum 20. Juni 2026, déi tëscht dem 26. Mee an dem 5. Juni 2026 verkaf goufen, dat uechter dat ganzt Land.

Wéi d'ALVA schreift, besteet en "Niveau de vigilance orange", d'Leit sollen deemno virsiichteg sinn.

Weider Informatiounen zum Réckruff fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO