
Sollt déi aktuell Regierung a Brasilien erëmgewielt ginn, hätt dës wëlles eng Ambassade zu Lëtzebuerg opzemaachen. Dat huet de brasilianeschen Ausseminister Mauro Vieira e Freideg bei senger Visitt am Grand-Duché annoncéiert. An Tëscht liewe méi wéi 33.000 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit a Brasilien. Lëtzebuerg huet jo geplangt, nieft der Ambassade zu Brasilia nach e Konsulat zu Sao Paolo opzemaachen. Doduerch sollen déi bilateral Relatioune weider gestäerkt ginn, heescht et vum Lëtzebuerger Ausseministère.